Zaamt wëllt Schwäin "Rillette" gëtt nach net ageschléifert

© AFP/Archiv/FRANCOIS NASCIMBENI
D'Elodie Cappé kann de Kapp fir eng Zäit emol a Rou leeën. Hiert wëllt Schwäin Rillette, wat hir sollt ewechgeholl ginn, dierf elo mol bleiwen, ee Mount.
D'Franséisin war immens erliichtert, wéi si en Donneschdeg d'Decisioun vum Verwaltungsgeriicht vu Châlons-en-Champagne matgedeelt krut. "Mir sinn immens glécklech", sou déi éischt Reaktioun, ma elo misst een och erreechen, dass d'Rillette fir ëmmer bleiwen dierf.
D'wëllt Schwäin war dem Elodie Cappé am Abrëll 2023 am Alter vun engem knappe Mount zougelaf. Si huet et opgeholl an der klenger Wëllschwäin-Damm den Numm "Rillette" ginn. Beim Numm handelt sech dobäi ëm eng Zort Fleesch aus der Dous. Antëscht wier dat "klengt" wëllt Schwäin awer iwwer 100 Kilo schwéier a lieft an enger eegener Perch um Grondstéck vum Elodie, engem Reitstall. Schonn dräi Mol huet si versicht, déi néideg Pabeiere fir d'Rillette opzedreiwen, ouni Succès.
D'Autoritéite vum Departement Aube hunn dunn Enn November ordonéiert, dass d'Déier misst plënneren. Et kéim an en Déierenheem, dat sech op d'Dressur vu Filmdéiere spezialiséiert hätt. Wann net, misst et ageschléifert ginn. Iwwert dës Decisioun hate sech nawell vill Leit opgereegt an dat wäit iwwert d'Landesgrenzen eraus. D'Déiereschützerin Brigitte Bardot huet sech fir d'Rillette agesat an ëm Gnod gefrot. Donieft hu sech leschte Samschdeg ronn 500 Mënschen un engem Solidaritéitsmarsch bedeelegt, dorënner och Promien.
D'Rillette ass iwwregens geimpft a steriliséiert. An engem Mount soll nei decidéiert ginn, wéi et weidergeet.