Eigentlech sollt d'Kaz Mittens mat hirer Famill plënneren. Op hirer Endstatioun Melbourne gouf se awer net aus dem Fliger geholl an ass nees zréck geflunn.

Zesumme mat hirer Kaz Mittens wollt d'Famill Neas eigentlech vu Christchurch an Neiséiland op Melbourne an Australien plënneren. Um Fluchhafe vun hirem neien Doheem huet awer all Spuer vun der Kaz gefeelt. Dräi Stonnen huet d'Margo Neas mat hirem Bouf gewaart, bis si d'Informatioun krut, datt d'Mittens mam Fliger um Wee zréck an Neiséiland wier.

Am kale Frachtraum vergiess

Wéi d'Buedempersonal zu Melbourne hir matgedeelt huet, hat wuel e Rollstull engem Mataarbechter d'Vue op de Käfeg mat der 8 Joer aler Kaz verspäert, wouduerch d'Mittens am kale Frachtraum vum Fliger vergiess gouf. Zum Gléck vun der Kaz konnt de Fluchhafen de Pilot vun Air News Zealand nach erreechen an iwwer den zousätzleche Passagéier informéieren. Dësen huet doropshin direkt d'Heizung am Frachtraum ugemaach, fir d'Leed vum Déier op d'mannst e bëssen ze miniméieren.

RTL

D'Mittens an der Transportbox / © Margo Neas / AP

Dräi Flich bannent 24 Stonnen

Schlussendlech hat d'Geschicht awer e glécklecht Enn: D'Plënnerfirma fir Déieren, déi d'Famill mat der Organisatioun vun der Rees vum Mittens beoptraagt hat, war d'Kaz bei hirem Retour op de Fluchhafen zu Christchurch sichen an huet dofir gesuergt, datt d'Kaz nees zréck konnt fléien - an dës Kéier och ausgeluede gouf.

No hiren dräi Trips bannent 24 Stonnen ass d'Mittens "mir an d'Äerm gelaf an huet sech u mech gekuschelt" a gouf esou vill geheemelt wéi nach ni, sot d'Besëtzerin Margo Neas der Noriichtenagence CNN géigeniwwer. "Et war einfach eng grouss Erliichterung." D'Kaz hätt zwar e bëssen u Gewiicht verluer gehat, ma et wier hir soss awer gutt gaangen.

D'Air New Zealand huet sech fir d'Mëssstänn bei der Famill entschëllegt an all d'Reeskäschte fir d'Kaz rembourséiert.

RTL

Den Jackson, de Bouf vun der Margo Neas, war d'Mittens op de Fluchhafe sichen / © Margo Neas / AP

Frou nees beieneen ze sinn

Zanter dem Virfall wier d'Mittens, déi eigentlech keen unhänglecht Hausdéier war, "esou verschmuust wéi nach ni". "D'Kaz kritt am Moment sou vill Opmierksamkeet, wéi si wëll, well mir einfach esou absolutt an total erliichtert sinn, si nees bei eis ze hunn", sot d'Margo Neas weider.

RTL

D'Margo Neas mat hirer Kaz Mittens / © Rod McGuirk / AP