Zu Bad Salzuflen am nordrhein-westfälesche Krees Lippe koum et en Dënschdeg zu engem méi wéi ongewéinleche Rettungsasaz.

Et ass ee Klassiker wéi en am Buch steet: eng Kaz, déi vun de Pompjeeën aus dem Bam gerett gëtt. En Hond, do kéim wuel dee mannsten op d'Iddi, zemools net aus aacht Meter.

Ma genee dat ass bei eisen däitschen Nopere geschitt.

En Dënschdeg sinn déi Fräiwëlleg Pompjeeë vu Bad Salzuflen op esou een Asaz geruff ginn. Am Message, dee si um 16 Auer kruten, huet et just "Hund im Baum" geheescht. Dat gouf et nach ni.

An effektiv op der Plaz ukomm, souz do ee mëttelgrousse groe Baaschtert op engem Bam, bal net z'erkennen. Hie war sengem Meeschter am Bësch am Bad Salzufler Asental fortgelaf an e 15 Meter laange Bam eropgelaf, deen hallef ëmgefall war. Op aacht Meter Héicht war et du weder dem Muppes, nach sengem Besëtzer egal an dësen huet d'Pompjeeë geruff.

Mat "technescher wéi och handwierklecher Raffiness", wéi aus dem Pompjeesbericht ervirgeet, krute si den Hond och nees vum Bam erof an déi glécklech Äerm vum Proprietär.