Et geet drëms ze sensibiliséieren. An dëst och an de Schoulen, wou dee klenge Villchen an de Cyclen 3 a 4 presentéiert gëtt.

De Gaarderoutschwanz gouf vun der ASBL Natur an Ëmwelt fir de Villche vum Joer ausgewielt. Wien d'Déier besonnesch wëll ënnerstëtzen a protegéieren, sollt seng Wiss manner intensiv méien, mee och net komplett wëll wuesse loossen. Och Vullenhaisercher déngen, datt sech de Vull kann am Gaart wuel fillen.

Et erkennt een de Gaarderoutschwanz vläicht net direkt, mee et héiert een e gutt , absënns moies, well de faarwege Villchen ass e fréie Sänger, deen ewell viru Sonnenopgank aktiv ass an da weider ze héieren ass, bis d'Sonn owes ënner geet.

RTL

© ASBL Natur an Ëmwelt