Deen Tour wäerten déi dräi Neiséilänner ni vergiessen: Beim Fëschen ass hinnen en Delfin an d'Boot gesprongen. D'Déier rauszekréien, war net sou einfach.

Eigentlech wollten déi dräi Männer relax e bësse fëschen, wéi bemol e 400 Kilogramm schwéieren Delfin nieft hinnen am Boot gelant ass. De Proprietär vum Boot, den Dean Harris, a seng Kolleege waren an der Géigend vun Hole in the Rock amgaangen, ze fëschen, wärend virun hinnen Delfine gespillt hunn. Grad hätte si nach e Schiet op sech duerkomme gesinn, dunn hätt et geknuppt an da wier Chaos ausgebrach.

"Hien huet decidéiert, u Bord ze sprangen an Hallo ze soen", huet den Harrison der Noriichtenagence AP géigeniwwer erzielt. "Grad war nach alles gutt an dann, wéi e Blëtz, war do e groussen Delfin an eisem Boot, deen ëm sech geschloen an alles futti gemaach huet". D'Déier, dat a Panik ausgebrach war, hätt all Aangel u Bord zerbrach, an och de Bug vum knapp fënnef Meter laange Boot wier beschiedegt ginn. Vun de Fëscher gouf bis op e puer Strumme kee blesséiert. Och dem ronn 3,40 Meter laangen Delfin-Männche wier näischt geschitt.

Dat grousst Déier nees an d'Mier ze kréien, huet sech allerdéngs als onméiglech erwisen. "Mir hu gemengt, mir mussen eis ëm hie këmmeren", sot den Harrison nach. Dowéinst huet de Grupp den neiséilänneschen Naturschutz alarméiert an op engem Steeg d'Mataarbechter getraff. Ënnerwee hunn d'Fëscher d'Déier ëmmer nees mat Waasser besprutzt an et mat engem fiichten Duch virun der Sonn geschützt.

U Land gouf d'Déier mat engem Trakter aus dem Boot zréck an d'Mier bruecht. Membere vum lokale Māori-Stamm, déi fir den Delfin gebiet hunn, hunn dem Déier den Numm "Tohu" ginn - wat op Māori "Zeeche" bedeit. Och den Harrison huet säi Boot Tohu genannt. "Den Delfin ass fort geschwommen a mir sinn dovukomm, a mir hunn all eng Geschicht z'erzielen", sot hien. "Et ass e gutt Enn fir eng Situatioun, déi ganz anescht hätt kënnen ausgoen."