Kastratioun gehéiert zum Déiereschutz
Firwat dat esou wichteg ass, wat d’Gesetz dozou seet a wéini een dësen Agrëff maache loosse soll, hu mir bei “Een Häerz fir Streuner” nogefrot.
Elleng iwwer 1.000 Kazen, déi keen Doheem hunn, huet “Een Häerz fir Streuner” d’lescht Joer kastréiere gelooss, esou d’Nadja Burg, Präsidentin vun dëser Asbl. Do handelt et sech ëm déi Kazen, déi net ënnert d’Déiereschutzgesetz vun 2018 falen. Dëst seet, datt d’Proprietären, déi hir Kazen erausgoe loossen, se kastréiere musse loossen. "Streunerkazen” hu kee Proprietär a bei deene Kazen ass de Misär am Gréissten. Krankheeten an Inzucht kommen do dacks vir.
Bei Wunnengskazen ass ee vum Gesetz hier net verflicht, säin Déier kastréieren ze loossen. De Risiko besteet awer, wann eng netkastréiert Kaz sech eng Kéier duerch d’Bascht mécht, datt si da schwanger erëm heem kënnt.
D’Kastratioun ass eng gréisser Operatioun géintiwwer der Sterilisatioun. Bei der Sterilisatioun gëtt d’Kaz respektiv de Kueder just onfruchtbar gemaach. Bei der Kaz gëtt den Eileiter duerchtrennt a beim Kueder de “Samenleiter”.
An der Natur kann een am Groussen a Ganzen observéieren, datt vill Liewewiese fréiräif ginn, esou och d’Kazen. Dofir soll een net ze laang mat deem Agrëff waarden. D’Benevoller vun “Een Häerz fir Streuner” hunn dacks erlieft, datt Kaze mat fënnef Méint scho konnte schwanger ginn. “Dofir rode mir de Leit, keng Rollegkeet bei de Kazen entstoen ze loossen an deen Agrëff mat 5 bis 6 Méint maachen ze loossen”, esou d’Nadja Burg.
D’Kastratioun ass de wichtegsten Deel vum Déiereschutz
“Ech schwätzen do vläicht e bëssen emotional, well mir all Dag domadder ze dinn hunn. Mir hu genuch Kazen hei zu Lëtzebuerg. Mir hu genuch Kazen, déi vill Eelend erliewen an dowéinst muss een dat net och nach ënnerstëtzen, fir datt nach Kazen op d’Welt bruecht ginn. Mä et ass net just, datt wann ech meng Kaz kastréiere loossen, datt se da keng Bëbeeë kritt, mee et schützt ee se och vill, vill besser. Dat heescht, wann eng Kaz dobausse ronderëmleeft an et ass een net kastréierte Kueder, dee geet eng Mudder sichen, wierklech 3, 4, 5 Kilometer wäit. Ddat heescht, do ass d’Gefor jo vill méi grouss, datt de Kueder kann iwwerrannt ginn, sech verletzen, net méi heem fënnt. An dann déi schlëmm Muechtkämpf! Dann natierlech ee Kueder, deen eng Krankheet huet. Wann hien net kastréiert ass, da gëtt hien déi Krankheet weider. Bei enger Mudder ass et lo nach méi schlëmm, soen ech mol, ënner “Anführungszeichen”. D’Rollegkeet ass eng Qual fir d’Kaz. Si jäizen, si verstinn d’Welt net méi. Eng net steriliséiert Mudder, déi ëmmer rëm rolleg gëtt, do ass d’Gefor, datt si eng Gebärmutterkrankheet kritt, Gebärmutterkriibs, oder Gebärmutterentzündung, vill, vill méi grouss wéi bei enger kastréierter Mudder. Da muss een och soen, fir eng Mudder ass et kee “Vergnügen”. Déi sinn aggressiv d’Kuederen, wann déi op d’Muddere ginn.”
Instinktiv këmmert sech eng Kazemamm ëm hir Kleng, bis déi 12 Wochen hunn. Sou butzeg Kazebëbeeë sinn effektiv richteg léif. Mä mat sou engem Worf kënne bis zu sechs Klenger op d’Welt kommen. Do stellt sech dann d’Fro, wou hinner mat hinnen. Et gesäit een ëmmer rëm, datt kleng Kazen op de sozialen Netzwierker verschenkt ginn.
Positiv Erfarungen no de Kastratiounen
D’Asbl huet just positiv Erfarunge gemaach mat der Kastratioun vun de Kazen a Kuederen. D’Proprietäre brauche sech manner Suergen ze maachen. Wann d’Hormoner sech bis berouegt hunn, zerklappen d’Kaze sech manner a si gi méi heemeleg. Si hunn och manner den Drang, wäit op den Tour ze goen. D’Associatioun huet net erlieft, datt d’Kazen no sou engem Agrëff ëmmer méi déck ginn an datt dës Véierbeener keng Mais méi fänken.
Wann ee Streunerkazen dobausse fiddert, da soll een net waarden, bis ee reagéiert. Et kann nämlech ganz séier goen, datt op eemol vill Nowuess do ass, esou d’Nadja Burg. Et kann een “Een Häerz fir Streuner” kontaktéieren. Si versichen esou gutt et geet, fir ze hëllefen.