Pitbull "Oreo" schéisst op säi Besëtzer

Ongeféier esou kéint de schëllege Pitbull ausgesinn hunn (Symbolfoto). / © GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Astrid Stawiarz
Pitbulls hunn dacks de Ruff, Kampfhënn ze sinn. Arméiert Ugrëff sinn dogéint awer éischter seelen.
Een Hondsbesëtzer an den USA ass vu sengem eegenen Hond ugeschoss ginn. Wéi d'Police zu Memphis am US-Bundesstaat Tennessee e Mëttwoch matdeelt, huet de Mann a sengem Bett geschlof, wou säi Pitbull mam Numm "Oreo" op d'Bett gesprongen ass an dobäi mat senger Patt un den Declencheur koum. Den Hond wier mat senger Patt drun hänke bliwwen an hätt domat "de Schoss ausgeléist", heescht et am Policebulletin.
De Schoss huet den Hondsbesëtzer um Uewerschenkel erwëscht. Hie gouf am Spidol traitéiert. Déi lokal Tëleeschaîne Fox 13 Memphis huet d'Frëndin vum Mann mat de Wierder zitéiert, den ee Joer alen Oreo wier "ganz verspillt" a géif gär ronderëmsprangen. De Virfall hätt hir an hirem Partner kloer gemaach, datt geluede Schosswaffen ëmmer geséchert solle ginn.
Schëss vun Déieren op Mënschen si souguer an den USA trotz allgéigewäertege Schosswaffe seelen. Fir d'lescht war virun zwee Joer een 30 Joer ale Mann a Kansas gestuerwen, nodeems een Däitsche Schéiferhond op ee Juegdgewier getrëppelt war an dobäi ee Schoss ausgeléist huet.