D'Zuel vun de Bieren, déi an den 90er Joren an de Pyrenäe bal ausgestuerwe waren, ass lo nees op bal 100 geklommen.

Op d'mannst 96 Biere wieren d'lescht Joer gezielt ginn, d'lescht Joer waren et der sechs manner, sou déi fir Aartevillfalt zoustänneg Autoritéiten en Donneschdeg. Am Ganze wieren 22 Jongdéieren dobäikomm.

Tëscht 2006 an 2023 ass d'Zuel vun de Bieren an de Pyrenäen am Duerchschnëtt ëm 11% an d'Luucht gaangen. Et wier awer net garantéiert, dass dëst vun Dauer ass, heescht et weider. Den Ament géif eng Etüd lafen zu den Auswierkunge vun Inzest op d'Bierepopulatioun, déi een 2026 wéilt presentéieren. Manner genetesch Vilfalt bedeit och nämlech manner Dynamik.

Déiereschützer fuerderen, datt méi Déiere sollten ausgesat ginn. Dat misst awer vun der Politik gereegelt ginn, wat op der anerer Säit am Konflikt mat de Baueren an Ziichter an där Regioun steet. D'lescht Joer gouf et 310 Ugrëff vu Bieren op Ranner, Schof a Geessen. D'Zuel vun den Ugrëff op Beiestäck huet sech verduebelt, vu 7 op 14. Hei géif een awer mat Succès op Schutzmoossnamen a Form vun Hënn, Gardienen an elektresche Clôturë setzen.

An de Jore 2020 an 2011 si 4 Bieren op illegal Manéier vu Mënschen doutgemaach ginn. An engem aktuelle Prozess fuerdert de Parquet 4 Méint Prisong op Sursis fir e Jeeër, dee baussent der Juegdzon eng Bierin erschoss hat, déi hien ugegraff hat.

Biere waren an de franséische Pyrenäen am Ufank vun den 90er Joren esou gutt wéi ausgestuerwen, bis der aus Slowenien do nees ugesidelt goufen. Fir erauszefannen, wéi et ëm d'Populatioun steet, ginn iwwregens Experten aus Spuenien an Andorra ëm Hëllef gefrot, déi DNA-Analyse vu Pelzreschter an Exkrementer maachen.