Et muss een heiansdo net grouss sinn, fir Grousses ze bewierken.

Eng Minnesich-Rat huet a Kambodscha en neie Weltrekord opgestallt an zwar mam Erschnoffele vu Landminnen. De Ronin huet zanter 2011 net manner wéi 109 Landminnen a 15 wuel nach déidlech Krichsiwwerreschter entdeckt, wéi d'Hëllefsorganisatioun Apopo aus der Belsch e Freideg matgedeelt huet.

Déi klengt Rat huet fënnef Joer a gehéiert zu der Aart vun de Gambia-Risenhamsterrate. De Ronin ass déi erfollegräichst  Minnenerkennungsrat an der Geschicht vun der Organisatioun a mat senger Leeschtung hätt hien et sech verdéngt, och an d'Guinness-Buch opgeholl ze ginn.

Rate spillen eng wichteg Roll bei der Sich no Landminnen. 1998 war de joerzéngtelaange Biergerkrich a Kambodscha endlech eriwwer, zeréckbliwwe si Landminnen, ganz vill Landminnen. Dat südostasiatescht Land gehéiert zu deene Länner, déi am stäerkste verminnt sinn. Dobäi kënnt, dass an de 60er a 70er Joren den US-Militär an den Nopeschlänner Kambodscha a Laos Millioune Streebommen erofgeheit huet.

An de leschte 45 Joer sinn a Kambodscha ronn 20.000 Leit duerch Minnen an aner Krichsiwwerreschter ëmkomm, duebel esou vill goufe verwonnt.