Horoskop vum Dag

23.03.2019

Waassermann

De Waassermann muss diplomatesch bleiwen, da kann e vill erreechen. Maacht all Gespréich mat engem Kompliment op da sidd Dir op der gewonnener Säit.

Fësch

De Fësch hëlt haut alles zimlech perséinlech an do kann et séier virkommen dass Sträit entsteet, well Dir eppes an de falschen Hals kritt.

Widder

De Widder brauch eng ganz Partie Fangerspëtzegefill am Ëmgang mat anere Leit. Är roueg Aart hëlleft d'Atmosphär z'entspanen.

Stéier

Maacht Äre Schutzmantel e bëssen méi op, sou kënnt Dir de Kollegen an der Famill e bësse méi vun der Léift matginn.

Zwilling

Den Zwilling muss sech bewosst sinn, dass haut net alles einfach esou geschitt. All Bemierkung huet en déiwe Sënn an et gëtt Iech sou lues eppes kloer.

Kriibs

De Kriibs wëll rëm jiddwerengem et Recht maachen an dobäi vernoléissegt Dir Är eege Besoinen a sidd um Enn vum Dag iwwert d'Resultat total frustréiert.

Léiw

De Léiw ass ongewéinlech aggressiv an ugespaant. Gëscht houng den Himmel nach voller Geien, haut ass dat schonn nees eriwwer an Dir maacht en Drama.

Jongfra

D'Jongfra gëtt vun der Melancholie gepaakt. Probéiert e bëssen eraus an d'Natur trëppelen ze goen, dat mécht Iech de Kapp nees fräi.

Wo

D'Woo rennt vun engem Eck an deen aneren a fält dobäi iwwer déi eege Féiss. Dir hutt immens vill Stress an dat bekënnt Iech guer net.

Skorpioun

De Skorpioun ass duebel sou kreativ an dat verstäerkt Är Fantasie an Är gutt Laun. Och am tëschemënschleche Beräich erwaart Iech e schéinen an harmoneschen Dag.

Schütze

De Schütze brauch sech net ze wonnere wann haut alles sou richteg turbulent gëtt. Dir hutt awer Loscht ze weise wéi gutt dass Dir sidd a rivaliséiert mat Kollegen.

Steebock

Dir Steebéck sollt d'Aarbecht Aarbecht si loossen an den Dag genéissen.