Beim Mérite Jeunesse beweisen déi Jonk ëmmer nees, datt si net liddereg oder onmotivéiert sinn. Wien dës jonk Leit sinn, stelle mir Iech am Top Thema vir.

Wee kennt dat net: no engem laangen Dag op der Aarbecht oder an der Schoul, freet ee sech nëmmen nach drop Heem ze goen a seng Fräizäit ze genéissen. Fir déi Jonk, déi beim Programm vum Mérite Jeunesse matmaachen, geet den Dag dann awer nach weider. A verschiddene Beräicher weisen si wat an hinne stécht, sief et duerch d’Léiere vun engem neien Instrument, enger Sportaart oder e soziaalt Engagement.