Kéint Dir Iech virstellen am Alldag komplett op den Auto ze verzichten? Déi mannste vun eis géife wuel op dës Fro ouni ze zécke mat Jo äntweren!

Mä wisou eigentlech? Ass d’Liewen ouni Auto wierklech esou ëmständlech? Mir hunn den Test gemaach!

Néierens anescht an der europäescher Unioun ginn et esouvill Autoe pro Awunnerzuel ewéi hei zu Lëtzebuerg. Iwwer 400.000 Autoen zirkuléieren op eise Stroossen an dat si just déi Autoen, déi hei zu Lëtzebuerg ugemellt sinn! Do derbäi komme jo nach déi sëlleche Frontalieren an all déi Leit, déi op Duerchrees sinn. Kee Wonner also, datt eis Stroosse komplett iwwerlaascht sinn an d’Mobilitéit eng vun de gréisste Suerge vum Bierger ass.

Grad an de leschte Woche vum Walkampf war dann och grad dat Thema eent vun de meescht diskutéierten. D’Fuerderungen un d’Politik si grouss, fir dee Problem an de Grëff ze kréien. Mä d’Fro vläicht ëmgedréint gestallt: Wat géift Dir maachen, fir d’Situatioun op eise Stroossen ze verbesseren? Géingt Dir vun Iech aus an Ärer aktueller Situatioun op Ären Auto verzichten?