Zu Lëtzebuerg fänkt nom traditionelle Liichtmëssdag, den 3. Februar, eng geckeg Zäit un: D'Fuesent. Bis Äschermëttwoch am Mäerz sinn d'Boke lass.

D'Fuesent huet schonn eng laang Traditioun zu Lëtzebuerg, an deem Sënn gehéieren déi vill Baler fir Grouss a Kleng, sou wéi déi sëllege Kavalkaden uechtert d'Land zum feste Bestanddeel vun der geckeger Zäit.

Fuesbaler


25. Februar
- Afterwork Fuesparty zu Baastenduerf

28. Februar
- Bieles am Jumm am Festikuss

29. Februar
- Bananebal mat de Belsch Jecke zu Gréiwels
- Präismaskebal zu Maacher an der Kellerei Bernard-Massard
- Mini Hexebal zu Uewerkuer
- Kuebebal zu Gilsdref an der Aler Schoul
- Däiwelchersbal organiséiert vun de Scouten "Les Diables Rouges" zu Esch
- Präismaskebal "Alles op der Kopp" mat "Los Amigos" an "Ever Dance"
- Burigbal mam Dj Paul zu Boxer
- Fuesparty am Mont Chalet zu Diddeleng

1. Mäerz
- Mini Bieles am Jumm am Festikuss
- Piccobello zu Hesper am Centre Civique
- Kanner-Fuesparty zu Foulscht am Centre Culturel

7. Mäerz
- Frou-Frou zu Maacher
- Kannerfuesbal zu Bireng (Diddeleng)
- Kannerfuesbal zu Lampech um 15 Auer a Fliichtebal fir déi Grouss no 21 Auer

8. Mäerz
- Kannerfuesbal zu Keespelt

13. Mäerz
- Weller Wahnsinn

13.-15. Mäerz
Escher Fuesent:
One Night Carneval in Rio (13. Mäerz)
Grousse Kannerfuesbal, 1. Escher Kapesëtzung an Danzowend mam Jeannot Conter (14. Mäerz)
Kalvalkad a grouss After Kavalkad (15. Mäerz)

20. Mäerz
- OWIDOMM's Bal zu Ell

21. Mäerz
- Klautjesbal zu Biissen an der Hal Frounert

27. Mäerz
- Nëssknacker-Bal zu Veianen an der Larei

Kavalkaden

23. Februar
41. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad

1. Mäerz

31. Editioun Schëfflenger Kavalkad

8. Mäerz
25. Editioun Kannerkavalkad zu Käl

15. Mäerz
Escher Kavalkade

21. Mäerz
Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg

22. Mäerz
- Réimecher Kavalkad
- Péitenger Kavalkad

© RTL Archivbild / Petz Flammang

Réimecher Stréifrächen

26. Februar: All Joer um Äschermëttwoch gëtt zu Réimech d'"Stréifrächen" verbrannt. Dës lokal Traditioun ass d'Enn vun der geckeger Bokenzäit un der Musel an bedeit och gläichzäiteg d'Enn vum Wanter.

Well dëst Joer e Schaltjoer ass, gëtt net wéi gewinnt de "Stréimännche" verbrannt, mä eng weiblech Popp.

© Facebook / Ville de Remich

Buergbrennen

Samschdeg 29. Februar a Sonndeg 1. Mäerz: Iwwerall uechtert d'Land gëtt um Weekend vum Faaschtsonndeg, och Buergsonndeg, e grousst Feier gemaach, dat e symbolescht Verbrenne vum Wanter duerstellt.

© RTL Archivbild

Dir hutt och ee Fest, ee Bal oder eng Fuesparty, mellt eis Äert Evenement