Hello Kitty ass mëttlerweil 45 Joer al, elo wëll déi kleng japanesch Comicfigur oh Hollywood erueweren.

Déi japanesch Entreprise Sanrio, déi d'Rechter un Hello Kitty hàlt, huet e Mëttwoch d'Zesummenaarbecht mat den US-Filmproduktiounsgesellschaften New Line Cinema a Flyy Picture annoncéiert. Hello Kitty soll an de Kino kommen. 5 Joer Verhandlungen iwwer d'Filmrechter waren dofir néideg. An engem éischte Schratt gëtf elo no Auteuren a kreativen Talenter gesicht.

Hello Kitty gouf 1974 erfonnt. D'Mark ass antëscht eng vun de berühmtste japaneschen Exporter an e Milliardegeschäft mat enger Heede Wull u beléifte Gadgeten. Et ginn, Sanrio no, iwwer 50.000 Hello-Kitty-Produiten an 130 Länner weltwäit. Donieft ginn et a Japan 2 Fräizäitparken, an deenen et just ëm Hello Kitty an hir Kollege geet.