Eng Gemeng an Däitschland keeft ongewollt vill ze vill Toilettëpabeier.

D'Gemeng Fuchstal a Bayern keeft 2006 Toilettëpabeier fir 12 Joer am Viraus. Domat spuert se ronn 1.000 Euro. Elo ass och dat lescht Blat Pabeier erofgerappt.

Eréischt wou déi puer dausend Rulloen zu Fuchstal ukomm sinn, ass der Gemeng opgefall, dass do eppes schif gelaf ass. E Mataarbechter aus der Administratioun hat bei der Bestellung d'Gréisst vun de Verpackungen iwwersinn. Wann den zweete Camion mat de Rulloen net kuerz virdrun nach ofbestallt gi wier, da wier et Toilettëpabeier fir 24 Joer ginn.

D'Liwwerung vun 2006 war awer och esou schonn en Challenge fir d'Gemeng mat hire 4.000 Awunner. En Team vu véier Leit huet deemools den Toilettëpabeier am Wäert vun 6.000 Euro am Gemengenhaus, a Schoulen an aneren ëffentlechen Ariichtunge verdeelt. Elo wier och dee leschte Rullo verbraucht, esou den Erwin Karg, Buergermeeschter vu Fuchstal. D'Gemeng konnt op deem Wee méi wéi 1.000 Euro spueren, well am Joer dono d'Präisser vum Holz an domat och vum Toilettëpabeier an d'Luucht gaange sinn.

An Zukunft gëtt et dann erëm Toilettëpabeier aus frëscher Produktioun, mat zwou Schichten a wäissem Pabeier. Bis hien sech erëm doru gewinne géif, wäert et bestëmmt nach emol 12 Joer daueren, seet de Buergermeeschter Erwin Karg.