D'US-Popsängerin mécht e Musical mam Titel "Once Upon a One More Time". Dëst ass feministesch ugehaucht.

Ab dem 29. Oktober soll dem Britney Spears säin eegene Musical "Once Upon a One More Time" zu Chicago lafen. Déi 37 Joer al Popsängerin huet en Dënschde bekannt ginn, dass hir Show duerno awer op de Broadway komme soll. D'Stéck ass eng Aart feministescht Mäerchen, wat sech aus Spears-Hits zesummesetzt. Schonn den Titel weist op säin Debutalbum "Baby One More Time" hin.

Fir d'Sängerin geet en Dram an Erfëllung. Hatt freet sech, e Musical mat sengen eegene Lidder ze hunn. Virun allem ass et e Musical mat Personnagen, mat deenen hatt opgewuess ass an déi hatt gär huet.

D'Britney Spears war vun 2000 bis 2005 déi am beschte bezuelten Sängerin op der Welt. Nodeems et dunn puer Problemer am Beruff an am private Liewe goufen, konnt hatt seng Carrière elo nees weiderféieren.

Der Popsängerin hirer Internetsäit no, geet et am Musical ëm eng berühmte Mäercheprinzessin wéi d'Schneewittchen oder d'Ascheputtel a säi Bicherclub, wou enges Daags eng "béis Fee-Stéifmamm" optrëtt, déi hinnen de Klassiker "Der Weiblichkeitswahn" vun der US-Feministin Betty Friedan an de Schouss fale léisst.

Dëst Buch soll hinne kinneklech Offenbarunge bréngen. Hier Virstellung vun engem "Happy End" géing duerch de feministesche Bléck a Fro gestallt ginn: "Sollt et am Liewe wierklech méi ginn, wéi vu Villercher gemaachte Räck an de Kuss vum Prënz?"