Dat ass den Titel vum nächsten Documentaire aus eiser Serie "routaäissgro", déi der e Sonndeg op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL.lu suivéiere kënnt.

E Sonndeg den Owend huele mer Iech do mat bei d'Claudine an de Parc Merveilleux op Beetebuerg. D'Claudine bekëmmert sech am Kader vun engem Atelier protégé ëm d'Déieren. Eng Aarbecht, bei där déi jonk Fra esou richteg opblitt. Et gesäit ee si awer net just am Park bei der Aarbecht, mee erlieft se och ganz perséinlech.