An Däitschland melle Wënzer, dass hinnen d'Glas-Fläschen ausginn. Bis zu 3 Méint misst een op déi gréng Wäifläsche waarden.

Dat géing awer net nëmmen un der gudder Lies vun 2018 leien, soen d'Experten aus Däitschland. Et huet och domat ze dinn, dass vill grouss Gedrénks-Produzente vu Plastik op Glas géingen ëmstellen. Den Ament misst een an Däitschland bis zu 3 Méint op gréng Wäifläsche waarden an och duerchsichteg Wäifläsche géingen ëmmer méi knapp ginn.

An wéi gesäit et hei zu Lëtzebuerg aus?

Op Nofro bei engem vun de gréisste Livreure vu Wäifläschen zu Lëtzebuerg, ass eis gesot ginn, dass dat effektiv de Fall wier, well si selwer keng Fläsche géinge produzéieren, mä vun däitsche Fournisseure géinge beliwwert ginn.

An effektiv wier virun allem beim wäisse Glas, also déi duerchsichteg Fläschen, schwiereg fir gewuer ze ginn, wéini neit Glas géing geliwwert ginn. Den Ament hätt dat awer nach keng Auswierkunge fir d'Wënzer hei am Land. Et géing enk ginn, mä et wier een zouversiichtlech.