Et sinn Biller déi een dreemen loossen... vaste Schnéi-Landschaften, zougefrueren Séien a Polarliichter.

D’RTL-Journalistin Annick Goerens war wärend hirer Vakanz am Nordweste vu Russland mat Schlittenhënn ënnerwee. Fir si war et eng éischt Virbereedung op eng nach méi kal an eng nach méi extrem Polar-Expeditioun. Fir eis gëtt et e klengen Abléck an d’Aventure mat Huskyen an d'Iwwerliewe bei Temperature weit ënner 0.

Duerch Karelien matzen am russesche Wanter. 250 Kilometer an 9 Deeg. Ouni Stroum, ouni Heizung, ouni fléissend Waasser. Einfach eraus an d'Natur. Op sech selwer gestallt sinn.

Wei gesäit een typeschen Dag aus?

Den Dag fänkt Moies um 6 Auer un an dauert am Schnëtt bis Hallefnuecht. Dovunner sti mir 10 Stonnen um Stéck um Schlitt. Wann een Owes ukënnt, dann ass et net just äiskal, mee et ass een och nach richteg vreckt. Dofir sinn d'Ofleef am Camp Owes ganz kloer gestaffelt an et gi Prioritéite gesat.

Annick Goerens :„Wat elo fir eis usteet: mir kommen un. Dat éischt wat mir maachen eis no eisen Hënn kucken. Mir maachen si lass a strecken si dann un Ketten, fir dass sech déi eenzel Rudelen net vermëschen. An da raume mer d'Saachen an de Schlitt. Dann riichte mer Zelter op, mir bereeden eist Iesse vir a mir ginn och den Hënn ze friessen. An dann deemno wei kal et ass, sti mer beim Feier an drénken eventuell e Wodka zesummen.“

Alles dréint sech ëm d'Muppen

D'Hënn stinn am Mëttelpunkt vun dëser Expeditioun. Mat hinne steet a fält alles. Et sinn am Ganzen 8 Hënn virum Schlitt. Ganz vir sinn d'Alpha-Déieren, déi sougenannte „Lead“-Hënn, also souzesoen déi „clever Käpp“ vum Grupp. An eisem Fall den Andji, de Star vun der Husky Farm, dee schonn op 8 groussen Expeditiounen um Nordpol derbäi war. Hien ass den Erfuerenen. Niewendrun, de jonken Alpha, de Skandji, den nach vill muss léieren. Ganz hannen am Ruddel lafen déi stäerkste Muppen also déi mat der meeschter Kraaft. Am Ganzen zéie 6 Männchen an 2 Weibercher eise Schlitt.

Annick Goerens:  „Männer sinn natierlech méi leeschtungsfäeg an hunn méi Kraaft. Mä d'Frae bréngen awer eng Dynamik eran. Du dierfs awer keng 2 Fraen nieftenee spannen. Du muss eng méi weit vir an eng méi weit hanne spannen.“

Karelien - D'Regioun vun de Séien an de laange Wanteren

Karelien - eng Regioun am Nordweste vu Russland, déi sech bis a Finnland erstreckt, ass bekannt fir seng extrem Temperatur-Schwankungen. Iwwer déi  9 Deeg hate mer Variatioune vun -5 bis -33 Grad.

Am Stil: Owes gees de bei -8 Grad schlofen. Moies erwächs de bei -20 Grad.

Annick Goerens: „An dat mierkt een dann och an all Beweegung. All Aktioun ass ustrengend am Alldag. Sech undoen ass ustrengend, Schong undoen ass ustrengend, seng Zänn wäschen, Iesse kachen, Waasser huelen... alles ass ustrengend. Mir waarden of wéi et weider geet. De Moien huet et bësse méi laang gedauert bis d'Leit all an de Gang komm sinn. Ech mengen dat gëtt déi nächst Deeg net besser, well et méi kal ginn ass.“ 

D'Hënn hunn d'Keelt ganz gären an si wéi benzeg drop fir endlech nees kënnen ze lafen. Si haule vu Freed, wann et Moies lass geet. Huskyen a Malamuten fonctionnéieren am Beschte bei enger Temperaturen tëscht -10 an -20 Grad. An awer hunn och déi Déieren hir Limitten.

Annick Goerens: „Gëschter hunn mer eise Lead-Hond de Skandji hannen an de Schlitt missen huelen, dunn hate mer schonn nëmme 7 Hënn am Gespan, dat war dunn relativ ustrengend. Dunn hunn mer den Nord aus der 2. Réi no vir missen huelen, dat goung dunn eng Zäitchen, mee dat ass och ee jonken Hond an den huet et dunn och net gepackt. Aner Hënn haten Duerchfall... an Anerer ware richteg, richteg midd.

Schlittenhënn hunn eng laang Geschicht

Als „Musher“, sou nennt een déi Leit déi mat Schlittenhënn fueren, mat sengen Huskyen ënnerwee ze sinn, ass e wonnerbart Erliefnis a gehéiert iwwregens zu enger Joerhonnerten-aler Traditioun vu Populatiounen an den Arktesche Regiounen.  A Karelien ass de Schlittenhond awer relativ nei.

Eise Guide fir dës Expeditioun, de Geograph an 10-fachen Nord-Pol-Fuerscher Viktor Simonov erkläert.

Viktor Simonov: “Wei huet alles ugefaangen? Bei enger Expeditioun am Joer 2005 war ech mat Däitschen ënnerwee an ee vun hinnen hat Hënn vu senger Farm an Däitschland, net weit vu Berlin derbäi. Dat war déi éischte Kéier, dass ech mat Schlittenhënn gefuer sinn. Et huet mech richteg interesséiert a kuerz duerno am Joer 2006 hunn ech déi éischt Schlittenhënn a Karelien bruecht. Bis dohinner waren nach keng hei. Elo ginn et wierklech vill Husky-Farmen hei, mat ongeféier 1000 Hënn. Ma 2006 war ech den éischten den se hei hinner bruecht huet.”

Déi schéinsten Erënnerung, nieft den Hënn natierlech, sinn d'Polarliichter an de wonnerschéine Stärenhimmel. Gefillt war ech dem Weltall nach ni esou no.

Wéi kann ee bei esou enger Expeditioun Deel huelen?

D'Associatioun Wandermut organiséiert sougenannten Abenteuer-Reesen. Hire Motto: "Mir ginn dohinner, wou soss keen higeet".

Si fueren op déi verschiddenste Plazen op dëser Welt. Et kann een sech bei hinne mellen, wann een un enger Rees interesséiert ass, ma dat ass awer keng Garantie dass een duerno ka matgoen.
Et leeft een duerch eng Zort Casting. Et muss ee verschidde Conditiounen erfëllen an duerno natierlech an d'Profil passe, wat d'Organisateure fir d'Rees sichen a brauchen. Bei all Rees ass d'Haapt-Viraussetzung awer net pipeg ze sinn, duerchzehalen an och wann alles schif geet, net opzeginn. Donieft ass eng gutt kierperlech Konditioun e MUST.