Dat huet den ZDF e Mëttwoch confirméiert. D'Emissioun soll 2020 sinn.

Et soll sech dobäi awer ëm eng eemoleg Aktioun handelen. Jorelaang hat den Thomas Gottschalk d'Show "Wetten, dass ...?" moderéiert.

Erfonnt hat se de Frank Elstner. Vun 1981 bis 2014 gouf si gesent an huet als gréisste Fernsehshow vun Europa gegollt.

Antëscht ass si awer net méi am Programm vum ZDF.

Déi iwwerraschend Nouvelle vum eemolege Gottschalk-Comeback kënnt e puer Deeg, nodeems d'Trennung vum Entertainer vu senger Fra Thea bekannt gouf.