Finnland huet et fir déi 2. Kéier um Stéck gepackt, dat glécklechste Land op der Welt ze sinn. Zu Lëtzebuerg ass ee bësse manner glécklech op der 14. Plaz.

Op der Plaz 2 fanne mer Dänemark, Norwegen an Island deele sech déi 3. Plaz. Eis däitsch Nopere fanne sech op der 17. Plaz erëm. D'Belsch ass op der 18, Frankräich op der 24.

Ma wat mécht d'Finnen esou glécklech?

De Rapport vergläicht 156 Länner a baséiert seng Resultater op Ëmfroen, déi iwwer 3 Joer gesammelt goufen. Weider gi Facteuren ewéi de PIB vum Land, Liewenserwaardung, d'Korruptioun vun der Wirtschaft, ewéi der Regierung consideréiert. Dëst Joer gouf de Fokus op den Impakt vu Soziale Medien, Technologie, ewéi sozialen Norme geluecht.

Fir d'Communautéiten an de Schoulen oder op der Aarbecht wier et ganz wichteg, wéi se mateneen ëmginn op de Soziale Medie. Dëst hätt och groussen Impakt op d'Zefriddenheet bei de Leit, sou den John Helliwell, Matverfaasser vum Rapport.

Dem Rapport no géife Gléckséilegkeet a politeschen Interessi Hand an Hand goen. Informéiert Leit wiere méi zefridden.

Ronn 50% vun de Lëtzebuerger spenden och all Mount Sue fir de gudden Zweck. 30% investéieren hir Zäit an de Benevolat. Do wär ee ganz vir mat dobäi.

Am onglécklechste sinn d'Leit am Südsudan, an der Zentralafrikanescher Republik an am Afghanistan.