D'Trashtag-Challenge ass eng nei Aktioun op de sozialen Netzwierker, déi d'Mënschen dozou brénge soll, sech méi fir den Ëmweltschutz anzesetzen.

Bei dëser Challenge geet et emol eng Kéier net drëm Unerkennung an Opmierksamkeet ze kréie mat Aufgaben, wou een de reelle Sënn deels hannerfroe kann. Bei dëser Challenge geet et drëm Knascht fortzeraumen an e Bild vun der Situatioun virdrun an duerno ze posten mam Hashtag "trashtag". D'Leit sollen anengems animéiert ginn, hir Ëmwelt méi ze respektéieren.

D'Leit stelle sech bei dësem Challenge net nëmme selwer duer, mä weisen, datt si sech och tatsächlech asetzen. Vill Influencer am Internet sinn op den Zuch mat opgesprongen a wëlle mam Trashtag-Challenge hir Fans iwwerzeegen, sech z'engagéieren an d'Welt nees e Stéck besser ze maachen.

Matmaachen ass ganz einfach: Entdeckt een eng verknaschte Plaz, mécht een eng Foto. Duerno krämpt een d'Äerm erop, fänkt un opzeraumen a den Dreck opzesammelen, an da mécht een nach eng Foto. Béid Biller ginn dann ënner #trashtag an de soziale Reseauen gepost.

Den Trashtag gëtt et schonn zanter 2015. Eng Outdoor-Firma hat deemools den #TrashTag Projet an d'Liewe geruff an d'Leit weltwäit opgefuerdert Dreck do opzerafen, wou si grad an der Natur ënnerwee sinn. Zil war et bis Oktober 2016 eng 10.000 Stécker Knascht gesammelt ze hunn. 20.000 waren et bis viru kuerzem.

Zanter dem 9. Mäerz erlieft den Challenge e reegelrechte Revival, nodeems d'Fotoen vun enger Botzaktioun an Algerien d'Ronn gemaach hunn an de Mann, deen d'Fotoe gedeelt huet, den Opruff lancéiert huet, gelangweilte Jugendlecher kéinte sech e Beispill huelen a sech nëtzlech maachen. D'Resonanz war enorm a weltwäit sinn 'Leit deem Opruff nokomm.

Och hei am Land ass et nees d'Zäit vun de Botz-Aktiounen. Dës gehéieren zwar net zum aktuellen Challenge, mä ginn all Joer an de Gemengen zesumme mat de lokale Veräiner hei am Land organiséiert. Mat Zaangen a Poubellestute gëtt de Knascht, deen dacks vun den Automobilisten aus der Fënster gehäit gëtt, opgeraf an entsuergt.