E Freideg den Owend goung et ëm Sport an ëm Landwirtschaft am Live! Planet People.

Den "Iron Tom" Habscheid ass an der Form vu sengem Liewen. Weltrekord am Bommstoussen an Tokyo 2020 fest am Viséier.

Den Eric Mathias fiert Skibob, eng Randsportaart. Den Eric huet sech viru kuerzem bei der WM als 21. klasséiert.

D'Lisa Jacqué kann een alles iwwert d'Landwirtschaft froen. Si gëtt mat der Aktioun "Fro de Bauer" an d'Schoulklassen.