12 Joer laang hat sech de Mann als queeschschnëttsgeläämt ausginn. Esou konnt den Italiener 137.000 Euro Invaliderent ergauneren.

2007 hat de Mann en Accident virgetäuscht an e falscht Attest virgeluecht. Fir et echt ausgesinn ze loossen, huet de Mann op e Rollstull zeréckgegraff a sech selwer d'Déidungsmëttel Lidocain a seng Bee gesprëtzt, fir datt d'Muskulatur hei méi schlaff gëtt.

Wéi et gutt gelaf ass, ass de Mann vu Florenz nach méi wäit gaangen. Mat engem Bréif, wou hie säi schwéiert Liewen am Rollstull beschriwwen huet,  huet hie beim Poopst Franziskus eng Audienz ugefrot. De Pontifex huet hien empfaangen, dat virun engem grousse Publikum a sëlleche Fotografen.

Dunn awer de Feeler. Den Italiener ass an d'Vakanz geflunn a wéi hien erëmkoum, konnt hien ouni Problemer trëppelen. D'Beamte vun der Police, déi scho verschidde Fotoen a Video vum falschen Invalid zougespillt kritt haten, hunn um Fluchhafen op hie gewaart an hie matgeholl.