Bal eng Woch laang ass de Cactus, wéi d'Organisateure vum Marathon den Hond genannt hunn, mat duerch d'marokkanesch Wüst gelaf.

Op der zweeter Etapp vum Wüstemarathon huet op ee Mol e Mupp sech de Leefer ugeschloss - an ass einfach bis zum Schluss matgelaf. D'Leefer hunn dem Hond Waasser ginn ënnerwee a Fotoe vun him gemaach. D'Organisateuren hunn dem Mupp de Spëtznumm Cactus ginn an hien ass vun de Supporter, déi vun Doheem gekuckt hunn, ugefeiert ginn. Op der drëtter Etapp ass de Cactus als 52. iwwert d'Arrivée gelaf.

Seng Besëtzerin war frou, wéi si hiert Hausdéier op Fotoen an de soziale Medien entdeckt huet. D'Karen Hadfield, déi e Café zu Tissardmine am Oste vu Marokko huet, hat sech scho Suergen ëm de Mupp gemaach. Den Diggity, wéi den Hond am Fong heescht, war de Leefer nogelaf an ass net méi zréckkomm. D'Karen Hadfield hat de Stroossemupp virun engem Joer adoptéiert, hie géif awer ëmmer erëm Tier eleng duerch d'Wüst maachen. Zum Schluss vun der Course ass d'Besëtzerin hire Mupp dunn erëm siche gaangen.

De Marathon des Sables ass eng Course iwwer 251 Kilometer duerch d'Sahara. De Marathon gëtt a sechs Etappen iwwer sechs Deeg gelaf, déi längsten Etapp ass 90 Kilometer laang. D'Course ass 1986 fir d'éischt organiséiert ginn, zanterdeem hunn 13.000 Leefer drun Deel geholl.