Et gi se am rouden, am bloen, am gréngen, am gielen ... ebe sou zimlech all Faarf, déi ee sech wënscht.

An op Ouschteren, sou verlaangt d’Traditioun et, gi se gesicht. D’Ouschtereeër.

Am Supermarché kritt ee se scho fäerdeg gefierft ze kafen. Wie se selwer fierwe wëll, fënnt och am Rayon eng grouss Auswiel u Faarwen. Et kann een d’Faarwen awer och selwer hierstellen an dat aus ganz natierleche Produiten.

D’Jeia Scholtus weess wéi dat geet. An hirem Blog um Internet mypickedfood.lu gëtt si gär Tipps, fir esou natierlech wéi méiglech ze kachen oder eben, wéi an dësem Fall, ze dekoréieren.

Fir natierlech Faarwe fir d’Eeër ze maachen, kann ee verschidde Geméis-Zorten huelen.

Ënnert anerem roude Kabes. Hei brauch een 250 Gramm op ee Liter Waasser. De Kabes soll geschnidde ginn an am Waasser 40 Minutte goen. Eraus kënnt herno eng mauve-blo bis donkelgréng Faarf.

Fir eng donkelrout bis brong Faarf, kann een d’Schuel vun der Ënn huelen. Hei gëllen 35 Gramm op 1 Liter Waasser. An och dat soll 40 Minutte goen.

Iwwregens: D’Eeër huelen de Goût vun den Ënnen oder soss engem Geméis net un.

Fir eng giel-orange Faarf kann ee Kurkuma huelen. 3 Téiläffelen Kurkuma-Polver an 1 Liter Waasser. D'Mëschung mam Polver, muss just kuerz opkachen. Wann een awer de richtege Kurkuma hëlt, muss och dat méi laang kachen.

D’Eeër sollen am beschten am Viraus an enger Waasser-Esseg-Mëschung gekacht ginn. Soubal déi eenzel Faarwen ofgekillt sinn, kann een d’Eeër draleeën. Do solle se dann 12 Stonne laang zéien.

Wiem déi einfach gefierften Eeër awer ze langweileg sinn, ka se och nach bësse méi speziell gestalten. Heifir kann een, ier ee se an d’Faarf leet, einfach e Lastik ronderëm maachen oder Sticker drop pechen. Déi Plazen ënnendrënner gi net gefierft.

E schéint d’Resultat gëtt et och, wann een e Blat op d’Ee leet an dat mat enger dënner Strëmp oder engem Stéck vun engem Collant ëm d'Ee zitt.

Ganz speziell Ouschtereeër kritt ee mat enger Fläsch Wäin an 100 Gramm Zocker. D’Eeër sollen an der Mëschung 10 Minutte kachen an duerno 12 bis 24 Stonnen dra leie bleiwen, woubäi een och heiansdo ëmréiere sollt. Wann d’Eeër bis dréche sinn, fänke se u mat glitzeren.

Ouschtereeër op natierlech Aart a Weis fierwen, dauert zwar méi laang an ass vläicht méi opwenneg, ma d’Resultat léisst sech jiddefalls weisen.