No der offizieller Presentatioun vum Lidd leschte Mäerz an der Philharmonie ass elo de Videoclip eraus. Emotioune pur!

Emotional an onverkennbar – dat beschreift am Beschten déi nei Titelmelodie vum Télévie "Fir Dech Do – There For You", déi vum Lëtzebuerger Pianist David Ianni komponéiert gouf a vun der Chorale "Muselfénkelcher" an dem "Télévie-Quartett" (Ryoko Yano, Andrii Chugai, Ilan Schneider an Anik Schwall) opgeholl ginn ass. De Videoclip vum Lidd gouf vum dänesche Realisateur David Draad gemaach. Hei e puer Biller vum Tournage.

Den Télévie-Album

Niewent der Titelmelodie "Fir Dech Do – There For You" sinn nach zousätzlech Stécker um Télévie-Album mat ënnert anerem der verstuerwener Cellistin Lisa Berg hirem bekannten Titel "Hope", dee vum David mat enger neier Pianosbegleedung als posthumen Duett agespillt gouf.

De Präis vun der CD ass 15 Euro, déi integral un d'Recherche géint de Kriibs ginn.

D'Bestellung vun der CD geet iwwert e Virement un d'Fondation Kiwanis Lëtzebuerg, CCPL LU88 1111 1970 0090 0000, Communication : "CD Télévie".

Elo bestellen