D'Fuerscher wollte wëssen, ob et sécher wier, dee selwechten IRM fir Déieren a Mënschen ze benotzen.

Hir Studie géif weisen, datt Männer bedeitend méi Mikroben a Krankheetserreger mat sech droe wéi Hënn.

18 Männer an 30 Muppen hunn un der Etüd un der Hirslander Klinink an der Géigend vun Zürich deelgeholl. D'Fuerscher hunn un alleguerten de Männer eng héich Unzuel vu Mikrobe fonnt - awer nëmmen un 23 vun den Hënn.

Mikroorganismen, déi krankheetserregend fir Mënsche sinn, goufe méi dacks an de Bäert vun de Männer fonnt, wéi am Pelz vun den Hënn - dës Zuele wieren awer net statistesch signifikativ, esou d'Fuerscher.

Si hunn iwwerdeems méi Mikroben am Mond vun de Männer fonnt wéi an de Schnuffe vun den Hënn. D'IRM-Scanner wiere méi propper gewiescht, nodeems d'Hënn dra louchen, wéi nodeems d'Männer dra louchen.

Vue datt d'Unzuel vu Participanten un der Etüd relativ kleng ass, sinn d'Resultater éischter als Stéchprouf ze consideréieren - fir méi representativ Donnéeën ze kréien, misst d'Studie mat méi grousse Gruppe widderholl ginn.