Dat aktuell jéngste Kand vun de britesche Royals krut en Dënschdeg ee Joer. An deem Kader huet de Kensington Palace nei Fotoe verëffentlecht.

De Prënz Louis ass dat jéngst Kand vum Prënz William a senger Fra Catherine. Fir säin Éierendag huet déi britesch Kinneksfamill 3 nei Fotoe public gesat. Fotoe vum klenge Prënz sinn éischter seelen. Zanter Enn d'lescht Joer war hie vun der Ëffentlechkeet ofgeschiermt ginn.

Besonnesch markant un dëse Biller, se goufe vun der Duchess of Cambridge selwer am familiäre Gaart am nordengleschen Norfolk gemaach. Et sinn deemno richteg perséinlech Familljenopnamen.

De Prënz Louis ass d'Nummer 5 an der Trounfolleg, no sengem Grousspapp Prënz Charles, sengem Papp Prënz William, sengem Brudder Prënz George a senger Schwëster Prinzessin Charlotte. E Sonndeg hat iwwregens dem Prënz Louis seng Ur-Groussmamm d'Kinnigin Elizabeth II. hiren 93 Gebuertsdag.