An de soziale Medie mécht en Ouschterhues d'Ronn, dee sech mat vollem Kierperasaz fir eng Fra agesat huet.

E Sonndeg den Owend virun enger Bar zu Orlando. E Mann aggresséiert eng Fra, déi wiert sech. Ma net eleng. Et huet net laang gedauert, bis en "Ouschterhues" sech agemëscht huet. Déi verkleete Persoun, mir wëssen net op et e Mann oder eng Fra war, huet der Damme gehollef a richteg kéint hiren Ugräifer ausgedeelt.

Eréischt wéi e Polizist koum gouf d'Situatioun ënnerbrach an de Mann, d'Fra an den Ouschterhues getrennt. Verhaft gouf awer keen.

Wat den Ausléiser vun dëser Zeen ass, ass net gewosst. Am Video héiert ee just eng Persoun jäizen "Hien huet mech ugespaut".