Giel ware se scho laang net méi, mee elo ass och déi lescht giel Telefonskabinn vun Telekom bei eise Noperen verschwonne.

Et huet sech net méi rentéiert, sou déi däitsch Telekom, déi sech ëm den Ofbau an Transport vun der Telefonskabinn a Bayern gekëmmert huet. Um südwestlechen Ufer vum Königssee am Uert St. Bartholomä stoung déi lescht giel Kabinn, déi hir Abschidsrees nach iwwer d'Waasser huet misste maachen. Ronn 50.000 vun de sougenannte gielen Haisercher waren a ganz Däitschland vun 1881 bis Mëtt 1990er benotzbar. Wou zemools nach eeler Generatioune sech un de prakteschen Notze vun de Kabinne erënnere kënnen, wëssen déi Jugendlech vun Haut just nach duerch Filmer oder Erzielungen, ëm wat et sech bei enger Telefonskabinn handelt. Déi giel Haisercher bleiwen eis awer nach duerch Fotoen a Biller an Erënnerung.