De Claude Alff war am richtege Moment op der richteger Plaz: Hien huet e Video gedréint an deen ass ronderëm d'Welt gaangen.

Et mengt ee bal, mir wären beim Tom an Jerry matten am Film gelant, mä déi Zeen ass zu Esch an der Rue Victor Hugo geschitt. Do leeft jo tatsächlech eng Rat enger Katz no an de Claude Alff wor am richtegen Moment op der Plaz an huet dat Ganzt mam Handy gefilmt.
Nodeems de Claude dee Video op sengem YouTube-Kanal publizéiert huet, goung et lass , no enger Woch war säi Clip schonn iwwer eng Millioune Mol gekuckt ginn. Kuerz drop goung et lass mat Uriff aus der ganzer Welt. all Mënsch wollt d'Geschicht iwwerhuelen.

Räich gëtt een dobäi net, mengt de Claude Alff, ma e klengt Täschegeld war do awer schonn dran. Säi Video gouf am ganzen iwwer 31 Millioune mol online gekuckt an op sämtlechen Tëleesstatioune ronderëm de Globus ausgestraalt, zum Beispill am Guatemala, Costa Rica, Philippinnen, Honduras, Ecuador, Dominikanesch Republik, Peru, Chile an net ze vergiessen a ganz Europa.

An d'Zuele sollten nach weider klammen. Ufank Abrëll hate scho bal 51 Millioune Leit de Video gesinn. Dat waren déi Linken, wou de Claude Alff och konnt novollzéien. Bei op d'mannst 54 Linken, wou de Video och publizéiert gouf, koum hie bei senger Recherche awer néierens méi eraus.

Eenzegen negativen Aspekt an där ganzer Geschicht, dat ass d'Rumeur, dass d'Rat soll aus engem Kebab gelaf sinn. Dat war awer net de Fall.

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>

Bei verjot Elster

Viru kuerzem huet de Claude Alff dann nees en neien Déierevideo gedréint. Eng Elster, déi dobäi war, fir e Stéck Apel z'iessen, gouf vun enger klenger Bei, déi hannert hier gelant ass, erféiert.