James, Arthur, Philip oder Albert? Lo gëtt gerätselt iwwert den Numm vum Kand vum Prënz Harry a senger Fra, dat e Méindeg op d'Welt komm ass.

D'Geheimnis soll am Laf vun dëser Woch opgedeckt ginn. Gewett - well dofir sinn d'Britten nawell bekannt - gouf op jiddwerfalls op d'Nimm James, Arthur, Philip an Albert. Dat war schonn esou bei de 7 aneren Urenkelen vun der Kinnigin Elizabeth II. D'Auswiel geet normalerweis och op Nimm vu royale Virfaren zeréck.

Beim Harry a Meghan kéint dës Traditioun eventuell awer ewechfalen, gëtt emol spekuléiert. D'Koppel ass bekannt dofir, et mat de briteschen Traditiounen a Reegelen net grad esou enk ze gesinn. Dohier kéint den Numm vum Kand och ganz onkonventionell ausfalen. En anere Grond fir en "normalen" Numm ass och de Fait, dass hiert Kand d'Nummer 7 an der Trounfolleg ass an et dowéinst onwarscheinlech ass, dass de Jong jeemools Kinnek gëtt.

Nach virun der Hochzäit hat d'Meghan e Lifestyle-Blog "The Tig". Do hat si emol geschriwwen, hire Liiblingsnumm fir e Puppelchen wier Grey, en Numm dee souwuel fir e Jong, wéi och fir e Meedchen passt. E Prënz mam Numm Grey dierft awer och fir normal britesch Verhältnisser net sou gutt ukommen, genee wéi den typesch amerikaneschen Numm Bradley.

Virum Schlass Windsor huet e gléckleche Prënz Harry e Méindeg d''Gebuert vu sengem Jong annoncéiert.

No der Gebuert vum royale Puppelchen koume vun iwwerall Gléckwënsch.