Fir déi eng ass et d'Party vum Joer, fir déi aner ass et scho bal mat engem Star-Treffen wéi bei den Oscars ze vergläichen.

Op enger vun de wichtegste Partien an der Welt vun der Moud hunn d'Promien ënnert dem Motto "Camp: Notes on Fashion" hir ausgefalenst Garderobe presentéiert. Mat deem Motto waren d'Outfits och deementspriechend geckeg. D'Katy Perry koum zum Beispill als Lüster op de rosa Teppech - nee, kee rouden Teppech, rosa. Well deen Outfit wuel awer net ganz praktesch war fir ze sëtzen, war d'Sängerin duerno als Hambuger ze gesinn.

© AFP

Den Entertainer Billy Porter, ganz a Gold gekleet, huet sech vu 6 hallefplakege Männer op enger Brëtsch iwwert den Teppech droe gelooss.

D'Lady Gaga wollt sech deen Owend net festleeën. Si huet vun engem meterlaange pompöse quiitsch-rosae Rack op ee Schwaarze gewiesselt, nees eriwwer op enk rosa, fir sech duerno just nach an der Ënnerwäsch op den Trapen ze räkelen. Nach méi ervirgestach hunn do just nach déi laang, gëlle Wimperen. Den Designer Brandon Maxwell, dee fir all nei Verwandlung zoustänneg war, ass de ganzen Owend un hirer Säit bliwwen.

D'Motto huet verschidde Promien ugedriwwen hir Kostümer nach méi geckeg an exklusiv ze wielen, wéi se déi Jore virdrun souwisou scho waren. Den Jared Leto ass rout gekleet mat sengem eegene Kapp ënnert dem Aarm -  enger origianalgetreier Attrapp - opgedaucht.

© AFP

D'Serena Williams koum an engem neongiele Blumme-Rack mat faarflech ugepassten Turnschong. D'Rapperin Cardi B, fir déi et schonn déi zweet Met Gala war, koum an engem teppechähnleche roude Rack mat Kagull a Plommen vu Moschino.

Och soss war alles faarweg a voller Prunk. Vill Schauspiller a Museker loosse sech dës Party net entgoen. Een Ticket kascht der "New York Times" no 35.000 Dollar (ëmgerechent 31.000 Euro), fir en Dësch sinn et da scho bis zu 300.000 Dollar (also  268.000 Euro). D'Recette vum Owend ginn un d'Kostüm-Institut vum Metropolitan Museum. Dass d'Suen do ukommen, wou se hi sollen, dofir suergt d'Vogue-Chfin Anna Wintour, déi d'Millioune sammelt, fir de Joresbudget vum Museum opzestellen. Zanter 1995 gëtt den Event scho vun hir organiséiert, dëst Joer mat ronn 600 Invitéeën.

© AFP