En Dënschde goufen de Prënz Charles an d'Camilla vun der däitscher Bundeskanzlerin zu Berlin begréisst.

Nodeems d'kinneklech Koppel vum Angela Merkel empfaange ginn ass, goung et fir de 70 Joer alen Trounfolger weider an d'Schlass Bellevue, wou hien a seng Fra vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier begréisst goufen.

Op der Prënzekoppel hire Wonsch hin, huet de Buergermeeschter Michael Müller zesumme mat hinnen um "Luftbrückendenkmal" ee Kranz niddergeluecht an ass mat hinnen uschléissend duerch d'Brandenburger Tor gaangen.

Den Trounfolger a seng Fra sollen nach bis e Freideg Leipzig, d'Wörlitzer Gartenreich zu Sachsen-Anhalt a München besichen. Fir d'Camilla ass dëst den éischten offizielle Besuch an Däitschland zanter ronn 10 Joer. Den Charles soll dem Kinnekshaus no scho méi wéi 30 Mol offiziell a privat an Däitschland gewiescht sinn.