Ganz vill Leit ware sécher schonn emol am Escher Déierepark, zemools zanter en en neie Look krut a besonnesch och mat Kanner.

Den Déierepark um Escher Gaalgebierg invitéiert e Samschdeg op säi Fréijoersfest, wou een en Abléck kritt, wat hannert de Kulisse vum Park ofleeft. Och iwwert déi verschidden Déierenaarten am Park gëtt een do mol e bësse méi Detailer gewuer.

Fir déi Responsabel vum Park gëtt et um Fréijoersfest awer nach en aneren Highlight, op deen ee sech freeë kéint. Dat sinn d'Liesunge fir d'Kanner an d'Geschichtefee zitéiert Gedichter.