Wat ass Konaki-Sumo a wat gëtt do iwwerhaapt gemaach? D'Julie Dupont huet sech méi genee mat dësem onbekannten Thema auserneegesat.

Perséinlech huet ee jo léiwer, wa Kanner net am gaange sinn, ze jäizen an ze kräischen, mee einfach do setzen an déck zefridde sinn a grinsen. De Japaner geet et awer beim Konaki-Sumo drëms, hir Kanner zum Jäizen ze bréngen.

AUDIO: 13/05/2019 Konaki-Sumo: Wou Kanner kräischen dierfen

Se si jo léif déi kleng Kanner. Egal op als Puppelchen, wann een déi kléng Hänn gesäit, oder wa se ufänken ze trëppelen. Dat sinn alles Momenter, un déi ee sech gär erënnert. Déi meescht Eltere genéissen déi Momenter an deenen hire Puppelchen zefridden am Bett läit a schléift, oder sech beim Spille beschäftegt a virun allem eppes ass: roueg. Well schnell genuch huet deen oder dat Klengt eppes, wat net stëmmt, an et ass eriwwer mat der Rou.

A Japan maache se natierlech alt erëm alles anescht, wéi déi aner. Hei wëllen d’Elteren hir Kleng eemol am Joer esou richteg aus vollem Hals blären héieren. An zwar beim Konaki-Sumo-Contest.

Wat ass dat da fir ee Concours?

Majo, Där kennt jo sécher déi japanesch Sumoringer. Déi si beim Konaki-Sumo nämlech och dobäi. Genee sou wéi beim traditionelle Sumo Réngkampf stelle sech 2 Sumorénger vis-à-vis vun eneen an e Krees.

Den Ënnerscheed zum normale Sumoréngen? All Sumorénger huet nach zousätzlech ee Bëbee am Grapp. Wann d'Ronn lassgeet, ginn d'Kanner ganz no beienee gehalen an d'Sumorénger ruffen Nake! Nake! Wat op japanesch: Jäitz! heescht. Si fuerderen also d’Bëbeeën op, ze jäizen. Heiansdo gëtt och nach mat grujelege Maske nogehollef, falls d'Opfuerdere vun de Sumorénger net duergeet.
Dat Kand, dat als éischt jäizt, huet gewonnen. Meeschtens ass et awer esou, dass d'Kanner direkt kräischen, wat net wierklech erstaunlech ass, wann ee sech d'Situatioun virstellt. Dofir gëtt da gekuckt, wéie Kand am haarzte jäizt.

Dat Ganzt ass och keen neien Trend a Japan, mee eng 400 Joer al Traditioun. D'Konaki-Sumo-Concourse ginn a verschiddenen Tempelen a ganz Japan ofgehalen. Dee bekanntsten ass awer all Joer am Abrëll, an zwar am Sensoji Tempel zu Tokyo. Ronn 100 Kanner sinn do all Joer present. D'Japaner gleewen nämlech drun, dass eemol aus vollem Hals jäize gesond ass fir d'Kand. Ausserdeem géif duerch d'Jäizen och dee schlëmmsten a béisten Dämon fir ëmmer verdriwwe ginn. Doduerch kann d'Kand da gesond a monter wuessen. D'Japaner hu souguer ee Spréchwuert dofir: “Naku ko wa sodatsu,” wat souvill heescht wéi: Kanner, déi jäizen, wuesse schnell.