All Kand huet d’Recht ze wëssen, wie seng Eltere sinn. Esou ass et an der UN-Kannerrechts-Conventioun festgehalen.

D’Realitéit zu Lëtzebuerg ass awer eng aner. All Joer ginn tëscht 3 an 10 Kanner anonym op d’Welt bruecht. Iwwer d’Identitéit vun der Mamm oder vum Papp gi se näischt gewuer. D’Dina Werner ass an deem Fall a wëll elo seng biologesch Mamm fannen.

Aimée Claude – deen Numm krut d’Dina, wéi hatt 1995 zu Diddeleng op d’Welt komm ass. D’Hiewan huet e erausgesicht, sou wéi dat üblech ass bei engem “Accouchement sous X”, enger anonymer Gebuert also. Knapps puer Deeg drop ass hatt adoptéiert ginn. 23 Joer méi spéit gëtt de Wonsch, seng biologesch Mamm ze fannen, awer ëmmer méi grouss. Wéi seng Mamm heescht, vu wou si kënnt a firwat si d’Dina zur Adoptioun fräiginn huet, weess déi jonk Fra net. Iwwer Facebook hofft hatt, méi Informatiounen ze kréien. An engem laange Post mat Kandheets-Fotoen deelt d’Dina seng Geschicht mat der Ëffentlechkeet. Dat Eenzegt, wat hatt weess, ass, dass seng Mamm deemools 14 Joer jonk war a wahrscheinlech kapverdianesch Originnen huet. Dem Dina seng Adoptiv-Elteren ënnerstëtzen hatt bei der Sich.

Iwwer den offizielle Wee un Informatiounen ze kommen, ass awer immens schwiereg. Kanner, déi anonym op d’Welt kommen, hunn nämlech keen Usproch drop, d’Identitéit vun den Elteren erauszefannen. D’Donnéeë vun der Mamm gi néierens festgehalen an och an der Maternité muss si hiren Numm net soen. Nieft Lëtzebuerg si Frankräich an Italien déi eenzeg Länner, wou d’anonym Gebuert laut Gesetzgebung legal ass. Aner Länner, wéi Éisträich zum Beispill, akzeptéieren se, mee ouni rechtlech Grondlag.

Am ORK, dem Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand, wënscht ee sech a punkto anonymen Accouchement endlech eng Reform. Vun 1994 bis 2007 wieren am Grand-Duché 41 Kanner anonym gebuer ginn. De René Schlechter, President vum ORK, gëtt ëmmer erëm mat esou Fäll konfrontéiert. Déi aktuell Situatioun wier am Deséquiliber a géing komplett zu Laaschten vum Kand goen, wat e Recht op seng Originnen sollt hunn. De René Schlechter hofft, dass an Zukunft eng Instanz geschaf gëtt, wou Donnéeë vun de Concernéierte gesammelt an ënner strenge Regele verwalt ginn. Sou dass op d'mannst theoretesch gesinn eng Kontakt-Opnam méiglech wier, ënnert der Konditioun, dass déi Betraffen hiert Averständnis ginn.

Aktuell ass e Gesetz-Projet um Instanzewee, deen effektiv virgesäit, dass e Kand – wa méiglech – d’Recht soll hunn ze wëssen, wie seng Eltere sinn. Zanter 2013 gëtt schonn un dësem Text geschafft, dee vill juristesch awer och ethesch Diskussiounen mat sech bréngt.

Ganz kloer fir d’anonym Gebuerten ass de Planning Familial. Dem Ainhoa Achutegui geet et dobäi virun allem ëm d’Selbstbestëmmung vun der Fra. Et kënne vill Grënn fir eng anonym Gebuert ginn, dacks wieren et awer extrem Situatiounen, wéi zum Beispill Vergewaltegungen oder Inzest-Fäll. Egal wéi sollt een an hiren Aen de Choix vun der Fra respektéieren.

Iwwerdeems wier a Länner, déi anonym Gebuerten oder Baby-Klappen agefouert hunn, d’Zuel vun de sougenannten “Kindstötungen” erofgaangen. Wëll ee spéit Ofdreiwungen oder selwer duerchgeféiert Ofdreiwungen also verhënneren, misst een d’anonym Gebuert bäibehalen, seet d’Ainhoa Achutegui.

De Prinzip vun der “geheimer Gebuert” géing schonn éischter an déi richteg Richtung goen. D’Mamm muss just där Persoun, déi si an der Schwangerschaft betreit, hir Identitéit verroden, a gëtt hir Donnéeën, déi da sécher versuergt ginn. Réischt wann d’Kand grouss ass, kann et Accès dozou ufroen. E System, wéi a Frankräich, wou d’Mamm am Laf vun de Joren hir Meenung änneren kann an tëscht anonymer oder geheimer Gebuert ka wielen, wier déi ideal Léisung.

D’Dina gëtt op alle Fall net op, egal wéi schwéier et ass.