Um Samschdeg de Mëtteg konnt ee sech en Autogramm vum fréiere portugisesche Spëtzefuttballer Luís Figo sécheren. Den Undrang war entspriechend grouss.

Hien ass scho jorelaang net méi aktiv. Wéi awer bekannt ginn ass, dass en op Lëtzebuerg géif kommen, du konnte seng Fans et kaum erwaarden. De Luis Figo war e Samschdeg de Mëtten fir eng Autogrammstonn an engem Shopping Center um Kierchbierg. De fréiere portugiseschen Futtballnationalspiller huet ganz vill Fans ugezunn. Mir waren beim Event dobäi an hunn nogefrot, wéi si hiert Idol erlieft hunn.

Luis Figo zu Lëtzebuerg
Am Auchan um Kierchbierg gouf et eng Schlaang, wéi bal esou laang war, wéi e Futtballterrain, well vill Sportfans wollten hiert Idol gesinn.