Verléieren US-Amerikaner hire Pass, mussen se an Éisträich net méi op eng Ambassade, mä kënnen vun elo un och am McDonald's gehollef kréien.

A ganzer 194 McDonald's Restauranten kann een vun e Mëttwoch un Hëllef fannen, wann een als US-Amerikaner säi Pass geklaut krut oder verluer huet.

Déi US-amerikanesch Ambassade zu Wien huet dësen Deal mat McDonald's an d'Weeër geleet an souguer eng 24/24 Telefonslinn tëscht béide Partner opgeriicht.

Op de sozialen Netzwierker huet dat ganzt natierlech scho fir vill Gespréichsstoff gesuergt.