Fir e Wënzer a Frankräich sinn de Wäin an déi weltbekannte Serie „Game of Thrones“ eng grouss Passioun. Hien huet béid Saache mat eneen verbonnen.

Si huet virun 8 Joer e reegelrechte Phänomen lass getrëppelt. Am Abrëll 2011 ass op der amerikanescher Televisioun déi mëttlerweil weltbekannte Serie Games of Thrones ugelaf. A ganz aktuell mam Start vun där 8. Staffel ass den Hype nees riseg.

Ma och an Europa huet d'Saga ronderëm de Muechtkampf ëm den Troun aus Eisen enorm vill Fans. Dorënner e Wënzer aus Frankräich. Hien huet seng Begeeschterung fir déi präisgekréinte Serie nach e Stéck méi wäit gedriwwen.

Zanter 2016 hëlt de Fransous Thibault Bardet Drauwen aus senge Wéngerten an der Regioun vu Saint-Emilion, fir den „Imp's Delight“, „Dornish Wine“ ze produzéieren. Fir de grousse Fan vun der Kult-Serie „Game of Thrones“ sinn de Wäin a „Game of Thrones“ eng Passioun.

Den Thibault Bardet huet fir d'éischt Stonnen domadder verbruecht, d'Bicher an d'Kaarte vum fiktive Land ze studéieren, fir sech virzestellen, wéi ee Wäin de Tyrion Lannister, säi Liiblingscharakter aus der Serie, hätt kéinten do drénken. An de Bicher ass geschriwwen, dass d'Drauwe vill Sonn do géinge kréien an de Wäin eng exzellent Qualitéit hätt.

Eng 30.000 Fläschen huet den Thibault Bardet mam spezielle schwaarz-gëllene Label produzéiert.

An déi huet och op bemol d'Produzente vu „Game of Thrones“ op sech opmierksam gemaach. Den amerikanesche Sender, deen d'Serie produzéiert, huet den amerikanesche Wënzer Bob Cabral mat engem lizenzéierte „Game of Thrones“ Wäi beoptraagt.