Am Alter vu 7 Joer ass déi berühmtste Kaz aus dem Internet gestuerwen.

Wéi d'Besëtzer vun der Kaz op Twitter schreift, wier d'Tardar Sauce, wéi d'Kaz richteg heescht, un de Suitte vun enger Infektioun um Harnleiter gestuerwen. Si ass de 14. Mee friddlech an den Äerm vu senger Besëtzerin gestuerwen.

© FREDERIC J. BROWN / AFP

E geneteschen Defekt war dofir verantwortlech, dass d'Grumpy Cat ëmmer extrem granzeg ausgesinn an dragekuckt huet. Berühmt gouf d'Kaz 2012 duerch eng Foto op Reddit an ass séier zu engem weltwäiten Internet-Phänomen ginn.