De Buergermeeschter vun der franséischer Gemeng Montereau, am Departement Seine-et-Marne, huet eng éischter aussergewéinlech Initiative annoncéiert.

Et geet drëm, fir dem Réckgang vun der Populatioun entgéint ze wierken.

De Jean Debouzy huet a senger Gemeng proposéiert, déi ronn 600 Awunner zielt, d'Potenzmëttel Viagra auszedeelen. Domat wéilt hien d'Awunner dozou initiéieren méi Kanner an d'Welt ze setzen. Montereau an d'Nopeschgemeng La Cour-Marigny, südlech vun der Haaptstad Paräis, hunn nämlech Nowuessproblemer. Et géifen net genuch Kanner ginn, fir an Zukunft all d'Schoulklassen ze fëllen, sou de Buergermeeschter géintiwwer der däitscher Noriichtenagence dpa.

Mëtt Mee huet de Gemengepapp dowéinst via Dekret decidéiert, dass déi kleng blo Pëll u Koppelen tëscht 18 an 40 Joer soll verdeelt ginn. Dat hate franséisch Medie gemellt. Hie mengt dëst duerchaus seriö, sou de Jean Debouzy. Wie fir d'Käschte vum Potenzmëttel soll opkommen, a wéi vill des Spezialmesure déi kleng Gemeng kéint kaschten, géif ee gesinn, wann déi éischt Koppel op d'Gemeng kënnt fir eng Këscht Viagra ze froen.