An der Nuecht vum 25. Mee krute mir Fotoe vun enger Formatioun um Himmel geschéckt. D'Fro, wat dat wier, ass elo beäntwert.

Leschte Freideg 24. Mee goufen déi éischt 60 Satellitte vum SpaceX-Grënner Elon Musk an de Weltall geschoss an dat huet fir e beandrockende Phenomen um Himmel gesuergt, wéi een um Bild erkenne kann, dat mir e Samschdeg de Moie per Mail geschéckt kruten. D'Fra wousst mat der Formatioun um Himmel net vill unzefänken...

Zur Erklärung

Knapp 12.000 Mini-Satellitte sollen déi ganz Welt mat Highspeed-Internet versuergen. Dat ass op d'mannst den Dram vum Tech-Milliardär Elon Musk. Am Kader vum SpaceX-Projet "Starlink"  gouf deemno déi éischt Serie vu 60 Satellitten an d'Ëmlafbunn bruecht, déi all an eng Falcon-Rakéit gepasst hunn. Beim Entlueden ass dunn déi spektakulär Formatioun um Himmel entstan: Eng Liichterketten an enger Héicht vu bis zu 550 Kilometer iwwer dem Himmel.

Dëst huet dann awer och fir sëllechen Ufo-Meldunge gesuergt, wéi d'Cenap (Centrales Erforschungsnetz außergewöhnlicher Himmelsphänomene) op hirer Internetsäit mellt.

E russeschen Hobbyastronom huet de Satellitten-Zuch gefilmt.

An den Himmel kucken

Wien d'Liichterketten an den nächsten Nuechten net wëll verpassen, sollt sech de Wecker stellen.

  • 28.5.2019, 22.06 Auer, a südlecher Richtung
  • 28.5.2019, 23.43 Auer, a westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)
  • 29.5.2019, 1.20 Auer, a westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)
  • 29.5.2019, 2.58 Auer, a westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)
  • 29.5.2019, 4.35 Auer, a westlecher Richtung
  • 29.5.2019, 23.01 Auer,a westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)
  • 30.5.2019, 00.39 Auer, westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)
  • 30.5.2019, 2.16 Auer, a westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)
  • 30.5.2019, 3.53 Auer, a westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)
  • 30.5.2019, 22.20 Auer, a südlecher Richtung
  • 30.5.2019, 23.57 Auer, a westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)
  • 31.5.2019, 1.34 Auer, a westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)
  • 31.5.2019, 3.12 Auer, a westlecher Richtung (schlecht Siichtverhältnesser)

Méiglech Beobachtungszäiten op anere Plazen, net nëmmen hei am Land, mä weltwäit, kann ee mat dësem Tool ausrechnen.