Zwee wäiss Tiger-Bëbeeën hunn am Nationalzoo an Nicaragua en neit Doheem fonnt.

Déi 5 Méint al Geseechter Osman an Halime sinn e Kaddo vum mexikaneschen Zoo, sou den Zoodirekter Eduardo Sacasa.  Domat sinn déi 2 déi drëtt Generatioun vun Tigeren a Mexiko, déi a Gefaangenschaft op d'Welt komm sinn.

Wäiss Tigeren a Léiwe sinn extrem seelen, weltwäit ginn et just nach e puer honnert. D'Déiereschutzorganisatioun WWF schätzt, dass d'Zuel vu wëllen Tigere vun 100.000 am Joer 1900 op haut 3.900 zeréckgaangen ass. Zwar ass d'Zuel d'lescht Joer nees geklommen, ma nach sti si weider virum Ausstierwen.

An hirem natierleche Liewensraum si wäiss Tigere bal verschwonnen, d'Majoritéit lieft an Zooen.