D'Delphine Boël behaapt zanter Joren, datt de fréiere Kinnek Albert hire Papp wier.

Ee Geriicht hat Ugangs vum Joer decidéiert, dass den Ex-Kinnek an een DNA-Test muss goen. De fréiere Monarch huet dat ewell acceptéiert an huet dësen och en Dënschdeg gemaach.

Elo heescht et op d'Resultat vun dësem Test waarden. Da kann effektiv bestëmmt ginn, op d'Delphine Boël vu kinneklechem Blutt ass, oder net.