Géint den amerikanesche Sänger R. Kelly lafen de Moment 11 nei Prozedure wéinst Mëssbrauch.

Wéi de Parquet vu Chicago erkläert huet, géif et sech dobäi net ëm nei Mëssbrauchsfäll handelen, mä ëm nei Reprochen an eeleren Affären. Den 52 Joer ale Museker ass schonn an 10 Fäll wéinst schwéierem sexuelle Mëssbrauch ugeklot. Verschidden Uklopunkte kéinten den R.  Kelly fir 30 Joer an de Prisong bréngen.