Den zweeteelste Fils vun der groussherzoglecher Koppel feiert e Méindeg säi 35. Gebuertsdag.

De Prënz Félix Léopold Marie Guillaume de Luxembourg, wéi hie mat sengem ganzen Numm heescht, huet 3 Bridder, den Ierfgroussherzog Guillaume, de Prënz Louis, de Prënz Sébastien an eng Schwëster, d'Prinzessin Alexandra.

De Prënz Félix, deen no sengem Brudder, dem Ierfgroussherzog Guillaume den zweeten an der Trounfolleg ass, dréit iwwerdeems de Grad vum „Chevalier de l'Ordre du Lion d'Or de Nassau“.

De Prënz Félix a seng Fra d'Prinzessin Claire hunn ee Meedchen an ee Jong. De 15. Juni 2014 ass hir Duechter Amalia Gabriela Maria Teresa zu Lëtzebuerg gebuer ginn. De Prënz Liam ass den 28. November 2016 op d'Welt komm.

Fir de Moment lieft d'Famill am Château Les Crostes an der Provence, wou se op de 50 Hektar Wéngerten hiren eegene Wäin, Rosé, Wäiss a Rout, produzéieren.