Um Samschdeg gouf zu Monaco eng Prinzessinnenhochzäit gefeiert.

D'Charlotte Casiraghi, Duechter vun der Prinzessin Caroline vu Monaco, huet e Samschdeg de franséische Filmproduzent Dimitri Rassam bestuet. D'Koppel hat awer scho virun hirer Hochzäit e klenge Bouf kritt. De Balthazar war leschten Oktober op d'Welt komm.

De 37 Joer alen Dimitri Rassam ass de Bouf vun der franséischer Actrice Carole Bouquet  a vum Produzent Jean-Pierre Rassam, deen am Alter vu 44 Joer gestuerwe war. Ënner anerem huet den Dimitri Rassam de Kinofilm "Le Petit Prince" produzéiert, ee vun de gréissten internationale Succèse vu franséischen Animatiounsfilmer.