Ëmmer méi Lëtzebuerger gräife bei der Kannerbetreiung op den Au-Pair-System zeréck. Mir erklären Iech, wat dat genee ass.

16% vun der Populatioun hei zu Lëtzebuerg si Kanner ënner 14 Joer. Kanner versuergen ze loossen, sief et wärend de Schaffzäiten oder geleeëntlech wärend engem Owend, ass also e grousst Thema fir vill Elteren. Eng Optioun, op déi well ëmmer méi Lëtzebuerger zréckgräifen, ass den "Au-Pair System". Mä wat ass dat genee? Eng finanziell attraktiv Manéier, fir seng Kanner versuergen ze loossen? Oder stécht méi hannert der Iddi, seng Kanner vun enger a priori friemer Persoun doheem versuergen ze loossen an déi och bei sech wunnen ze loossen?

Am Reportage léiere mer eng jonk Indonesierin kennen, déi hiert Liewen zu Bali zréckgelooss huet, fir hei am Grand-Duché ee Joer laang als Au-Pair ze schaffen. Dernieft awer och eng Lëtzebuergerin, déi als Kand iwwert d’Jore vu ganzer 17 Au-Pair-Meedercher versuergt gouf an duerno selwer op de Goût koum, esou eng Experienz am Ausland ze maachen.